Schi AlpinSofia Goggia knapp viru Federica Brignone zu St. Morritz

RTL Lëtzebuerg
Ënner schwierege Bedéngungen konnte sech beim Super-G zu St. Morritz an der Schwäiz zwou Italienerinnen un d'Spëtzt setzen.
© AFP (Archiv)

D’Mikaela Shiffrin aus den USA huet mat hirer 3. Plaz de Podium komplettéiert.

Insgesamt war et eng Course ënner ganz schwierege Konditiounen: staarke Wand huet de Schileeferinnen d’Liewe schwéier gemaach. Kuriéis bei der Victoire vun der Italienerin Goggia war iwwerdeems, datt si ënnerwee ee Bengel verluer hat an deemno just mat engem am Zil ukoum.

D’Gesamtwäertung vum Schli-Alpin-Weltcup gëtt weider vun der Mikaela Shiffrin ugefouert.

Häre-Slalom zu Val d’Isère ofgesot

Ze vill Wand an ze vill Schnéi hunn iwwerdeems zu der Ofso vum Häre-Slalom an de franséischen Alpe gesuergt. Zu Val d’Isère gouf deemno keng Course gefuer.

Back to Top
CIM LOGO