KonschtturnenSimone Biles séchert sech hire 16. WM-Titel

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg war d'Finall vum "All Around" am Konschtturne vun den Dammen op der Weltmeeschterschaft zu Stuttgart an Däitschland.
© AFP

Wéi erwaart goung hei d’Goldmedail un déi 1,42 grouss Amerikanerin Simone Biles. Fir déi 22 Joer al Turnerin ass et schonns déi 16. Goldmedail bei Weltmeeschterschaften. Um Enn kënnt si op ganzer 58,999 Punkten an huet domat op en Neits d’Konkurrenz dominéiert. Déi zweete Plaz geet un d’Xijing Tang. D’Chinesin kënnt op 56,899 Punkten a läit domat schonns Welten hannert der Amerikanerin zeréck. Nach eemol en hallwe Punkt hannendrun an domat op der 3. Plaz d’Angelina Melnikova aus Russland.

Virun der leschter Rotatioun louch mam Nina Derwael nach eng belsch Turnerin op der 3. Plaz, ma um Sprong huet si net déi beschte Leeschtung gewisen an ass domat hannert d’Melnikova an d’Black zeréckgefall a verpasst esou d’Medail. D’Europameeschterin Melanie de Jesus dos Santos aus Frankräich, déi an der Qualifikatioun nach ënnert de Beschte war, huet en Donneschdeg hir Übung um Stufebarren an de Sand gesat (2 Mol gefall) a kënnt esou nëmmen op déi 20. Plaz. D’nämmlecht goung et der zweeter Amerikanerin Sunisa Leem déi och um Stufebarre vill Punkte verluer huet, soss wier si wuel um Podium gelant, esou ass et nëmmen d’Plaz 8 ginn.

En Dënschdeg war schonns d’Ekippe-Finall bei den Dammen, wou et Gold fir d’USA gouf, dat viru Russland an Italien. E Mëttwoch war et d’Finall bei de Männer, hei konnte sech d’Russen duerchsetzen.

E Freideg ass dann d’Finall vum “All Around” bei den Hären, ier e Samschdeg an e Sonndeg d’Geräter-Finalle vun den Dammen an den Hären um Programm stinn.

Back to Top
CIM LOGO