Schi Weltcup Finall zu SoldeuShiffrin gewënnt knapp virun Holdener

RTL Lëtzebuerg
Déi 24 Joer jonk US-Amerikanerin konnt sech bei der leschter Course vun der Saison virun der Kombinatioun-Weltmeeschterin Wendy Holdener duerchsetzen.
© afp

Hannert d’Shiffrin an d’Holdener ass e Samschdeg an Andorra d’Slowenin Petra Vlohvà komm. Domat war de Podium komplett. Fir d’"Wonder Woman” aus Amerika war et ewell déi 16. Weltcup-Victoire dës Saison an déi 40. an hirer Carrière - mat dësem Erfolleg konnt si mat der Beschtmark vum Schwed Ingemar Stenmark gläich zéien.

Och de General geet un d’Mikaela Shiffrin. Si konnt sech um Enn däitlech virun de Konkurrentinen Vlohà an Holdener duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO