Sportkeele-WM: 7. DagSëlwer fir d'Lëtzebuerger Hären- an Dammenekipp

RTL Lëtzebuerg
Op der Sportkeele-WM zu Langenfeld an Däitschland konnt d'Lëtzebuerger Delegatioun e Freideg an den Ekippekompetitioune iwwerzeegen.
© Tobias Henke

Bei den Hären hu se Sëlwer gewonnen an dat ganz souverän. Géint déi däitsch Ekipp war einfach kee Kraut gewuess, déi direkt mam aktuelle Weltmeeschter am Eenzel, André Laukmann, ee komfortabele Virsprong konnten erausspillen. Lëtzebuerg mam Gilles Mores, Chris Fuchs, Christopher Zels an Tom Hoffmann konnten do net ganz mathalen. Um Enn gouf et Sëlwer, hannert Däitschland a virun Holland.

Bei den Damme war et ganz spannend Affär. D’Doris Melo louch nom éischte Block op der véierter Plaz a Lëtzebuerg war wäit vun enger Podiumsplaz ewech. D’Mandy Parracho konnt a sengem Duerchgang méi wéi iwwerzeegen an duerch eng stäerk Leeschtung den Ecart op d’Konkurrenz reduzéieren. Worf fir Worf huet d’Martine Keller, als drëtt Spillerin, d’Lëtzebuerger Faarwen no vir bruecht an zum Schluss louch alles an der Hand vum Stacy Parracho, ob et fir Lëtzebuerg Bronz oder Sëlwer gëtt. 50 Keele Retard huet dat jéngst vun der Parracho-Famill missen op Brasilien ophuelen. Dat Konschtstéck huet d’Stacy Parracho fäerdeg bruecht an domat Lëtzebuerg d’Sëlwermedail geséchert huet.

“Dat ass een Top-Resultat. Mir hu bei den Hären de Soll erfëllt. Bei den Dammen si mer frou, dass jidderee sech an der Woch gesteigert huet an een dëst Resultat realiséiert huet. Et war net einfach géint d’Brasilianer a mir sinn houfreg, dëst erreecht ze hunn. Am grousse Ganze si mir mat Gold an der Ekipp Mixed a mat zweemol Sëlwer déi Zweetplacéiert am Natiouneranking hannert Däitschland. Domadder ass bewisen, dass mir weiderhin zu den Top-Natioune gehéieren”, sou den Delegatiounschef Sacha André.

Back to Top
CIM LOGO