Trail-ChampionnatSchweitzer an Nepper am séiersten

RTL Lëtzebuerg
Beim 1. Lee Trail zu Ettelbréck konnt sech de Frank Schweitzer bei den Hären an d'Liz Nepper bei den Damme virun der Konkurrenz behaapten.
Schweitzer an Nepper dominéieren den Trail-Championnat
Beim Laf-Rendez-vous am Norde vum Land gouf den Trail-Championnat op der kuerzer Distanz ausgedroen.

De Frank Schweitzer, zweefache Champion am Marathon, huet den Trailchampionnat iwwert déi kuerz Distanz gewonnen, dat virum Laurent Reichling an dem Sven Remakel, dem Spezialist vun de laangen Distanzen.

D’Liz Nepper konnt als éischt Dame iwwert d’Linn lafen an huet d’Fundament vun dëser Victoire am ganz géien Deel biergop geluecht. Si war deemno méi séier wéi d’Jil Ney a d’Claudine Bausch.

PDF: Resultater vum Lee Trail

Back to Top
CIM LOGO