
De Fiederball Schëffleng schléisst d’Gruppephas op der zweeter Plaz of, dat no enger 5:0-Victoire géint eng Ekipp aus Lettland an enger 1:4-Néierlag géint Mailand. D’Italiener konnte sech dann och déi éischte Plaz an dësem Grupp sécheren.
Um Freideg kritt Schëffleng et an der Véierelsfinall mat Chambly ze dinn. E Samschdeg de Mëtteg um 14 Auer gëtt d’Finall gespillt.
D’European Club Championships daueren nach bis e Samschdeg, wou um 14 Auer d’Finall programméiert ass.