"Predator Euro Tour" am BillardSam Wetzel eleminéiert, Joshua Filler weider

Tom Hoffmann
Zanter en Donneschdeg gëtt zu Wickreng am GRIDX Billard op héijem Niveau gespillt. Aus Lëtzebuerger Sicht hat de Sam Wetzel keen einfachen Tirage erwëscht an hat keen einfache Start an den Tournoi.
© Tom Hoffmann

De Mika Van Berkel stoung nämlech mat um Dësch. Den 19 Joer jonken Hollänner gëllt als grousst Nowuesstalent an d’Qualitéit an dëser Partie war deementspriechend héich. De Sam Wetzel ass gutt an de Match gestart a konnt mat 1-0 a Féierung goen. Duerno huet de Van Berkel awer seng Klass ënner Beweis gestallt a kaum nach Chancen zougelooss. De Sam Wetzel koum zwar un den Dësch, mee géint e Spiller vun esou engem Kaliber dierf een esou Occasiounen net leie loossen. Um Enn huet de Van Berkel dës Partie mat 7-3 gewonnen.

De Sam Wetzel: "Ech wosst, datt et schwéier géif ginn an ech hunn ee Feeler am Ufank gemaach, deen een net maachen däerf, dat ass eng Zéng verschéissen. Fir dann op deem Niveau ze wannen, ass et natierlech extreem schwéier. Hien huet natierlech nach seng Feeler gemaach, wou ech bei deem enge konnt Kapital draus schloen, mee dann zum Schluss hunn ech nach ee Feeler agebaut, wat net däerf sinn an da verléiert een natierlech."

De Sam Wetzel huet e Freideg géint de Fransous Alex Montpellier gespillt an d’Partie verluer. Domat ass den Tournoi fir de Lëtzebuerger eriwwer.

"Predator Euro Tour" am Billard
Zanter en Donneschdeg gëtt zu Wickreng am GRIDX Billard op héijem Niveau gespillt.

D’Organisatioun vum Tournoi stellt mat iwwer 200 Billardspiller eng grouss logistesch Erausfuerderung duer. Och wann et hei an do deen een oder anere Stressmoment gëtt, leeft bis elo alles no Plang.

De Serge Van Kaufenbergh, Organisateur vun den "Predator Euro Tour Luxembourg Open": "Et sinn ëmmer Klengegkeeten, sou kleng Problemer, déi opkommen, wou schnell spontan eng Léisung fonnt gëtt, mee all déi grouss Punkten, do hu mer en tatsächlech e Krop hannendru gemaach. Mir sinn all zefridden a mir fänken elo lues a lues un, esou e bëssen ze genéissen."

Méiglechkeet ass do Billardsport op héijem Niveau bis e Sonndeg ze genéissen. Besonnesch d’Koppel Filler zitt dobäi vill Opmierksamkeet op sech. De Joshua a seng Fra Pia gehéieren zu de Weltbeschten.

D’Pia Filler, Nummer 4 vun der Predator Women’s Euro Tour: "Et war mol eng kéier e kuerze Wee bis op den Tournoi. Nëmmen zwou Stonnen. Et fillt sech schonn e bësse wéi “doheem” un. Ech si fir d’éischt hei zu Lëtzebuerg. Ech konnt mech nach net mam Site familiariséiere well ech gëschter relativ spéit ukomm si mee dat wäert ech elo nohuelen."

"Et ass wierklech flott. Et ass méi locker wéi op anere Plazen dat fannen ech gutt. Ech hunn als Kand vill zu Lëtzebuerg gespillt an do hunn ech genau dat selwecht erlieft wéi elo. Eng locker a positiv Stëmmung an ech kann et kaum erwaarden, ze spillen", sou de Joshua Filler, dee schonn aacht Victoiren a véier Joer op der Euro Tour feiere konnt.

Den Entrée ass fräi, fir Elite vum Billardsport ze gesinn. Wien net kann dohinner goen, huet Méiglechkeet, Partië bei eis op RTL.LU am Stream ze kucken.

De ganzen Match vum Sam Wetzel géint den Mika Van Berkel
Zanter en Donneschdeg gëtt zu Wickreng am GRIDX Billard op héijem Niveau gespillt.

© Tom Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO