BoxenRëmelengerin Flora Pili léisst hirer Géignerin keng Chance

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung zu Rëmeleng d'Boxen am Virdergrond. Fir d'Flora Pili gouf et hei an hirem 2. Profi-Kampf eng Victoire.
Rëmelengerin Flora Pili léisst hirer Géignerin keng Chance
E Sonndeg stoung zu Rëmeleng d’Boxen am Virdergrond. Fir d’Flora Pili gouf et hei an hirem 2. Profi-Kampf eng Victoire.

Den Arnold Gastauer ass en Trainer mat Erfarung, deen am Laf vun de Joren zolidd Relatiounen opgebaut huet. De Jo Pili ass e fréiere Profiboxer, deen ënner anerem mam Gastauer trainéiert huet. De Jo Pili ass Préparateur physique a mentalen Trainer vu senger Niess dem Flora Pili, déi souwuel fir St. Avold wéi och fir Rëmeleng boxt a vu hirem Pap trainéiert gëtt. 1 Véierel vun de 400 Spectateure ware vun der Famill oder de Bekannte vun der franséischer Boxerin. Jee Relatiounen a Familljeverbindungen, déi sech iwwert d’Joren opgebaut hunn, an déi sech am Boxsport zréckspigelen.

D’Flora Pili ass franséisch Meeschterin am Amateurboxen an huet virun 2 Méint hiren 1. Profimatch geboxt. E Sonndeg war zu Rëmeleng deen 2. Profimatch fir si.

Dem Flora Pili hir Géignerin konnt engem Leed dinn. D’Boxerin vu St Avold a Rëmeleng huet wéi op e Punching Ball dropgedonnert, an den eenzege Merite vun der Géignerin ass, dass si 4 Ronnen duergehalen huet. D‘Flora Pili ass eng Boxerin mat vill Potential an Ënnerstëtzung.

Et stoungen natierlech och nach eng Rei Boxmatcher um Amateurniveau um Programm. Den Arnold Gastauer weess wéi een d’Leit vum Boxsport iwwerzeegt kritt, dat huet een zu Rëmeleng gesinn.

Back to Top
CIM LOGO