
Fir de Raphaël Stacchiotti, dee sech scho virzäiteg fir Olympia dëst Joer zu Tokyo qualifizéiere konnt, ass den Drock bei dëser Editioun vum Euro Meet net méi grad esou grouss. Ambitiounen, ee gutt Resultat ze realiséieren, huet de Sportzaldot dann awer och bei dëser Editioun.
Fir de Raphaël Stacchiotti gehéiert den Euro Meet ganz einfach an den normale Competitiounskalenner. Een héichklassege Meeting, mat Joer fir Joer staarker Konkurrenz, déi um Depart ass, deemno eng gutt Geleeënheet, fir déi Lëtzebuerger Schwëmmer sech un internationalen Toppathleten ze moossen.
D’Preparatioun fir dës Editioun ass beim Raphaël Stacchiotti dann awer net ganz optimal verlaf. Hien ass eng Woch ausgefall, de Schwëmmer war eng Woch krank an ass elo eréischt erëm an den Training erageklommen. De Sportzaldot probéiert awer z’iwwerzeegen an ee gutt Resultat ze maachen.
De Raphaël Stacchiotti konzentréiert sech bei dëser Editioun dann op seng Haaptdisziplinnen, den 200 a 400 Meter 4 Nages. Fir de Raphaël Stacchiotti geet et dreems, weider Competitiounserfarungen a Richtung Olympia dëse Summer zu Tokyo ze sammelen.
Et geet weider drëms, an der Competitioun ëmzesetzen, wat déi leschte Wochen iwwer trainéiert gouf. Mam Philip Heintz an dem Jérémy Desplanches feelt et dem Raphaël Stacchiotti dann och iwwer 200 Meter 4 Nages net u Konkurrenz.
De Weekend iwwer probéiert hien da géint Konkurrenz ze bestoen a mat gudde Leeschtungen z’iwwerzeegen. De Sportzaldot probéiert virun de Lëtzebuerger Spectateuren eng gutt Performance ze realiséieren. Fir de Raphaël Stacchiotti wäert et ee vun de leschten Euro Meeten a senger Karriär sinn.
Och fir d’Spectateure gëtt de ganze Weekend iwwer vill gebueden, ënnert anerem de franséische Sprint-Olympiagewënner vun 2012, Florent Manaudou, esouwéi d’Schwedin Sarah Sjöström an d’Ungarin Katinka Hosszu sinn an der Coque am Asaz.