Vum 7. bis den 10. Mee am Livestream um RTL Play an op RTL.luPredator Euro Tour – Luxembourg Open 2026

RTL Lëtzebuerg
Erlieft Poolbillard op Weltklass-Niveau hei zu Lëtzebuerg!

Vum 7. bis den 10. Mee 2026 ass déi prestigiéis Predator Euro Tour fir d’éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg – an dat an der Eventhal vum GRIDX zu Wickreng.

Mat engem Gesamtpräisgeld vun 80.700 € (60.700 € fir d'Männer an 20.000 € fir d'Fraen) trieden 192 Hären a 64 Dammen an dem Poolbillard Turnéier géinteneen un. Grouss international Nimm wéi Joshua Filler, Daniel Maciol oder Moritz Neuhausen si mat dobäi – ma och eng Rei Lëtzebuerger Spiller wéi de Sam Wetzel, dee beschte Billardspiller aus dem Land, wäerte virun dem Publikum probéieren ze glänzen.

D’Finalle ginn den 10. Mee ab 20:00 Auer gespillt – an Dir kënnt dee Spektakel live erliewen: d’Entrée ass gratis!

Wann Dir net d'Geleeënheet hutt, fir den Event live op der Plaz z'erliewen, de ganzen Event gëtt op RTL.lu an um RTL Play gestreamt.

Programm vum Livestream

Donneschdeg
Match 1: 11:30
Match 2: 13:00
PAUS
Match 3: 16:00
Match 4: 18:00
Match 5: 19:30

====================

Freideg
Match 1: 10:00
Match 2: 11:30
Match 3: 13:00
PAUS

Match 4: 16:00
Match 5: 18:00

====================

Samschdeg
Match 1: 11:00
Match 2: 13:00
Match 3: 15:00
Match 4: 18:00
Match 5: 21:00

====================

Sonndeg
Match 1: 10:00 -  Véierelsfinallen
Match 2: 13:00 -  Halleffinall
Match 3: 17:00 -  Halleffinall
Match 4: 20:00 -  Finall
 

Back to Top
CIM LOGO