Luxembourg Air Rescue"Aktuell ass d'Situatioun konfus", sou de René Closter iwwer Croisièresevakuatioun

Serge Pauly
D'Lëtzebuerger Air Rescue soll Hantavirus-Patienten, déi sech op engem hollännesche Croisièresschëff virum Cap Vert infizéiert hunn, zeréck an Europa transportéieren – d'Situatioun op der Plaz bleift awer weider onkloer.
De President vum LAR-Verwaltungsrot huet vis-à-vis RTL gesot, dass d'Situatioun op der Plaz "konfus" wier.
© Emile Mentz

Passagéier, déi sech op engem hollännesche Croisièresschëff mam geféierlechen Hantavirus infizéiert hunn, solle mat der Lëtzebuerger Air Rescue rapatriéiert ginn. En Dënschdeg den Owend um 18:30 Auer Lokalzäit ass de Fliger LX-RHC vu Luxembourg Air Rescue um Flughafe vu Praie gelant.

Zënterhier wier net kloer, wéi et weidergeet, sou de René Closter, President vum LAR-Verwaltungsrot, deen RTL kuerz viru Mëtteg erkläert, dass d'Situatioun op der Plaz "konfus" wier.

D'Lëtzebuerger Rettungsekippe wossten dee Moment nach net, ob si een oder zwee Patienten transportéiere mussen. Fir de Moment schéngt den Transport vun engem hollännesche Patient op Amsterdam confirméiert ze sinn.

Ob een zweete Patient dobäi kënnt, ass nach net kloer.

Den LAR-Fliger ka maximal zwee intensiv beotemt Patienten transportéieren. Den Equipage ass speziell dofir ausgerüst an trainéiert, fir Patienten ënnert Quarantän-Bedéngungen ze transportéieren.

Um Cap Vert géife vill Autoritéiten, wéi déi hollännesch Ambassade oder lokal Regierungsvertrieder, matschwätzen, esou de René Closter weider. Och d'Decisioune vun der spuenescher Regierung, ob d'Schëff wierklech bis op Teneriffa fueren däerf, géif d'Situatioun op der Plaz beaflossen.

Back to Top
CIM LOGO