
Bekannt ass, datt 2026 fir déi éischt Kéier 48 Natiounen an 12 Gruppen ëm de WM-Titel spillen. Elo am Fréijoer huet den International Football Association Board (Ifab) verschidden Ännerungen annoncéiert, déi och fir d'Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko gëlle wäerten.
D'Ifab ass en onofhängege Gremium an déi iewescht Vereenegung, déi sech ëm déi offiziell Spillreegele këmmert an dës och festleet, dat souwuel fir Welt- an Europameeschterschaften, wéi och fir de kompletten organiséierte Futtball. Déi jeeweileg Federatioune kënnen zwar wuel verschidde Richtlinnen upassen oder net iwwerhuelen, fir beispillsweis de Jugend-Futtball. Allerdéngs ginn et och Beispiller wéi d'Abseits-Reegel, déi dogéint Pflicht sinn.
Ee grousst Thema fir den Ifab ass d'Zäitspill. An der däitscher Bundesliga läit d'"Netto-Spillzäit", dat heescht déi Zäit an där de Ball wierklech rullt, bei ronn 60 vun insgesamt 90 Minutten. An de leschte Jore goufen et well verschidden Adaptatiounen. Beispillsweis d'8-Sekonne-Reegel fir d'Golkipper, no deene si de Ball rëm spéitstens musse lass loossen. Donieft awer och eng méi laang Nospillzäit.
Virun allem bei Standardsituatioune gëtt dacks e bëssen Zäit vun der Auer lafe gelooss. Genau do wëll den Ifab usetzen. Soubal den Arbitter d'Gefill huet, datt eng Ekipp bei engem Aworf, Corner oder Ofstouss op Zäit spillt, zielt den Arbitter e siichtbare Fënnef-Sekonnen-Countdown. Am Fall, wou dës Zäitspann net agehale gëtt, kritt déi géigneresch Ekipp den Aworf oder beim Ofstouss e Corner zougesprach.
E weidere Punkt ass d'Simulatioun vu Blessuren. Och do soll et eng Ännerung ginn. E Spiller, deen um Terrain muss soignéiert ginn, muss duerno vum Terrain goen an dobaussen eng Minutt waarden, éier hien nees erakommen däerf. Eng Ausnam ass allerdéngs, wann de géigneresche Spiller beim Foul eng giel oder rout Kaart kritt. An deem Fall muss de gefoulte Spiller net vum Terrain goen. Sou sollen d'Futtballer virun enger reeller Blessur protegéiert ginn.
Och bei Awiesslunge wëll den Ifab an Zukunft méi streng duerchgräifen. Zwar goufen dës, genau sou d'Blessuren, ëmmer bei der Nospillzäit a Betruecht gezunn. An awer wëll een dës och lo zäitlech limitéieren. Bei Awiesslungen hunn d'Spiller vun elo un 10 Sekonnen Zäit, fir vum Terrain ze goen. Dauert dat méi laang, dann däerf de Spiller, deen agewiesselt soll ginn, réischt bei der nächster Spillënnerbriechung erakommen.
De Video-Arbitter VAR soll an Zukunft och d'Corneren am Virfeld iwwerpréiwen, déi e Gol als Suite haten. Bis e well goufen do nëmmen d'Goler op hir Richtegkeet gecheckt. Donieft soll de VAR och zwou giel Kaarten iwwerpréiwen, also déi, déi zu enger rouder Kaart gefouert hunn. Awer nëmme wann de falsche Spiller oder déi falsch Ekipp domadder bestrooft goufen. Reegelverstéiss, déi zu enger giel-rouder Kaart féiere kéinten, awer net vum Arbitter erkannt goufen, ginn allerdéngs vum VAR net korrigéiert.
Desweideren huet den Ifab decidéiert, datt Spiller, déi bei Ausernanersetzungen hir Hand virun de Mond halen, mat enger rouder Kaart bestrooft ginn. Sou soll evitéiert ginn, datt Spiller, déi hir Géigner beleidegen, hire Mond hannert hirer Hand kënne verstoppen, hinnen awer spéiderhin näischt no gewise ka ginn. Ee sou e Beispill gouf et dës Saison an der UEFA Champions League, wéi den Gianluca Prestianni am Champions-League-Playoff tëscht Benfica Lissabon a Real Madrid de Vinicius Jr rassistesch soll beleidegt hunn. Dem Argentinier konnten dës Reprochen net zu 100 Prozent nogewise ginn.
Eng rout Kaart soll et an Zukunft och fir Spiller ginn, déi aus Protest géintiwwer dem Arbitter den Terrain verloossen. Dëst gëllt och fir Offizieller, déi hir Ekipp opfuerderen, aus Protest an d'Kabinnen ze goen. Sou eng Zeen gouf et beispillsweis an der Finall vum Afrika-Cup tëscht Marokko a Senegal.
Fir d'Weltmeeschterschaft 2026 huet awer och de Weltfuttballverband FIFA eng Ännerung virgeholl. Wéinst deenen deelweis héijen Temperaturen an den USA, Kanada a Mexiko gëtt all concernéiert Partie pro Hallschent no 22 gespillte Minutte fir eng Drénkpaus vun 3 Minutten ënnerbrach.