Polo gehéiert zu den eelsten Ekippesportaarten op der Welt. Et fënnt ee méi wéi 2.000 Joer al Tracen dovunner. Polo war eigentlech geduecht, fir Päerd a Reider vun der Kavallerie ze trainéieren. Fréi huet awer och d'Noblesse Gefalen dru fonnt. Eréischt am 19. Joerhonnert ass Polo eriwwer an Argentinien komm, duerch brittesch Awanderer. Ma bis haut huet dës Sportaart awer seng Héichbuerg am Land vun der Pampa an de Päerd.
Mir léieren de Pablo Casero kennen. De gebiertegen Argentinier huet wärend véier Joer d‘Hallschent vun der Zäit zu Lëtzebuerg gelieft, fir Polo-Päerd ze trainéieren. Hautdesdaags ass hien nees zréck a senger Heemecht an organiséiert elo haaptberufflech där Turnéieren.
Eng 50 Kilometer ausserhalb vun der Milliounemetropol Buenos Aires leit d‘Regioun Pilar. 300 Polo-Felder ginn et hei. An ee Polo-Feld eleng ass esou grouss wéi dräi Futtballterrainen. Eng Regioun, déi gepräägt ass vun endlosen Wäiten a Päerd. Polo ass déif verwuerzelt an Argentinien. Net nëmmen ginn hei déi beschte Polo-Spiller vun der Welt, ma och déi weltbeschte Päerd fir Polo ze spille kommen vun hei.
De Pablo Casero huet jonk Gefalen u Päerd an u Polo fonnt. Fir iwwerhaapt kënnen ze spillen, huet hien ugefaangen, am Stall ze schaffen a sech ëm d'Fleeg vun de Päerd ze këmmeren. Am Géigenzuch konnt hien no den offiziellen Auerzäiten Polo spillen an trainéieren. A sou huet seng Karriär als Piloto, professionellen Trainer a Reider vun de Polo-Päerd, ugefaangen. Hien huet et eriwwer an Europa gepackt. Fir d'éischt an England, ier en sech konnt en Numm maachen an sou ass en weidergezunn an déi Vereenegt Arabesch Emiraten, Marokko an och op Lëtzebuerg.
Elo ass hien zréck a senger Heemecht an organiséiert haaptberufflech Tournoien.
Beim Polo an Argentinien gi 6 Chukkers gespillt - dat ass d'Bezeechnung fir e Spillabschnëtt. 7 Minutten dauert een Chukker an no 3 an enger hallwer Minutt ginn d‘Päerd gewiesselt. Well d'Päerd wärend deene Minutte Vollgas ginn, musse se méi dacks ausgewiesselt ginn. Dofir och déi grouss Unzuel un Déieren. An d‘Zil ass einfach: Gewonnen huet dee mat de meeschte Goler.
Zum Schluss als kleng Notiz um Rand: Polo war souguer eng Kéier olympesch. 1936 zu Berlin wärend dem Nazi-Regime. Hautdesdaags bleift d'Polo-Welt awer méi ënnert sech. Et ass en deiere Sport, deen och vill Logistik verlaangt.