Predator Euro Tour Luxembourg OpenInternational Billard-Elite trëfft sech zu Wickreng

Anouk Siebenaler
De gréissten europäesche Billard-Turnéier kënnt fir d’éischte Kéier op Lëtzebuerg - mat iwwer 200 Profispiller an héchsten techneschen Ufuerderungen.

Op 19 Dëscher triede vum 7. bis den 10. Mee 200 international Profispiller am GridX géinteneen un. D'Euro-Tour ass de gréisste Billard Tournoi, deen an Europa organiséiert an all Joer an engem anere Land ausgedroe gëtt.

Scho wéi den Tournoi viru 34 Joer an d'Liewe geruff gouf, huet de Serge Van Kaufenbergh dovu gedreemt, dass en och emol op Lëtzebuerg kënnt. Hien huet net schlecht gestaunt, wéi hien am Januar eng E-Mail vun der IBPF, derInternational Billiard Promotion Foundation, a senger Inbox hat. Et wier kuerzfristeg een ofgesprongen a se géifen eng nei Plaz sichen, fir den Turnéier auszedroen. "Am Ufank duecht ech, et mécht een de Geck", sou de President vun der Section Pool vun der FLAB. Bannent kuerzer Zäit huet missen eng Location fonnt an dat Ganzt op d'Bee gestallt ginn.

"Et kënnt op all Millimeter un"

500 Kilo weit e fäerdege Billardsdësch an an der Reegel dauert et véier Stonnen, bis en opgebaut ass. Mat der richteger Ekipp an Erfarung géif een dat awer och an annerhallwer Stonn hikréien, erkläert de Gitano Weiss-Ahmedi, deen d'Ekippen hei koordinéiert. Selwer spillt hie kee Billard, schafft awer zanter méi wéi 20 Joer als selbststännege Billardsdësch-Monteur - haaptsächlech op Tournoien.

Bei senger Aarbecht ass d'Präzisioun essenziell. Net just beim Opbau vum Dësch selwer, mä och bei Detailer wéi der Beliichtung, der Raumtemperatur oder der Loftfiichtegkeet. Dass dat alles streng reglementéiert a kontrolléiert gëtt, kéim net vun ongeféier:

"Was passiert, wenn ein Spieler verliert? Er sucht natürlich erstmal den Fehler nicht bei sich. Er hat natürlich viel trainiert, sich mit seinem Material perfektioniert. Und wenn dann ein Fehler passiert, sodass er verliert, dann sucht er den Fehler natürlich sehr schnell am Tisch, am Material, an den Kugeln, an allem", sou den Gitano.

Back to Top
CIM LOGO