Nodeems de Premier Luc Frieden déi lescht Woch eng Tripartite fir Juni annoncéiert huet, lafen zanter e Mëttwoch déi konkret Preparatiounen. Dee ganzen Dag iwwer huet d'Regierung d'Sozialpartner a bilaterale Ronne gesinn, fir iwwert den Ordre du jour vun der Tripartite ze schwätzen. Um 4 Auer war am am Haff virum Staatsministère ee Point-Presse vum Premierminister.
De Luc Frieden huet sech tendenziell zefridde gewisen. Et wieren "an der Form ganz gutt a konstruktiv Gespréicher" gewiescht. Euphoresch war en awer net, dat wier an dëser Situatioun jo och vläicht net grad ubruecht gewiescht. De Premier huet nach eng Kéier den internationale Kontext erkläert, an op de Krich am Iran verwisen, wéinst deem d'Energiepräisser klammen. Hien huet och den Zäitpunkt vun der Tripartite verdeedegt, vu ville Säiten, notamment vun der politescher Oppositioun, mee och vun de Gewerkschaften an dem Patronat war se jo scho länger gefuerdert ginn.
Dozou de Luc Frieden: "Déi Tripartite ass zu dësem Zäitpunkt ageruff ginn, well ee lo bëssi méi gesäit wéi d'Inflatioun evaluéiert. Mir gesinn, an dat huet den Direkter vum Statec haut jo och matgedeelt, datt se dervun ausginn, no hiren aktuelle Previsiounen, datt an deenen nächsten 12-13 Méint méi wéi eng Indextranche erfale kann. An dofir ass déi Tripartite also zum richtegen Zäitpunkt, deem Zäitpunkt, wéi mer en och am Koalitiounsaccord virgesinn hunn."
Wat den Inhalt vun de Gespréicher u sech ugeet, huet de Luc Frieden ënnerstrach, dass d'Regierung mol nogelauschtert huet a wësse wollt, wat d'Sozialpartner um Ordre du jour vun der Tripartite wëlle stoen hunn. An do ginn d'Meenungen nawell auserneen. Den OGBL an den LCGB fuerderen, datt nieft der Kafkraaft an der Sécherheet vun den Aarbechtsplazen, och iwwert de Logement an d'Gesondheet geschwat gëtt. D'Patronat an och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hätten iwwerdeems gären ee méi straffen Ordre du jour, deen sech méi op d'Energie-Thematik dréit.
Mir hunn e Mëttwoch de Moien, kuerz nodeems d'Reunioun tëscht de Patronen an der Regierung fäerdeg war, den UEL-President Michel Reckinger op d'Fuerderunge vun OGBL an LCGB ugeschwat an dat heite war seng Äntwert: "Mir hu ganz kloer gesot, mir hätten déi Tripartite hei gären iwwert déi Sujeten, déi fir eng Tripartite wichteg sinn. Dat sinn net strukturell Problemer, mee dat si konjunkturell momentan Problemer an dat ass haaptsächlech d'Kompetitivitéit. An do si verschidde Saachen, déi d'Gewerkschaften mat op den Dësch bréngen, sécherlech mat dran, mee fir eis geet et haaptsächlech ëm Energie, Inflatioun, Index."
De Luc Frieden huet net duerchblécke gelooss, a wéi eng Richtung hien tendéiert. Et géing een d'Wënsch vu béide Säite mat an de Regierungsrot e Freideg huelen an deemno wéi misst een och nach de Weekend doriwwer schwätzen. Hien huet sech awer optimistesch gewisen a gesot, et wier all de Partner kloer, datt an der Tripartite net all d'Problemer vum Land geléist kënne ginn.
Déi nächst Entrevue ass nächsten Dënschdeg, den 12., da wäert et ëm de Constat goen, wéi et de Betriber awer och wéi et de Privatstéit aktuell geet. Do wäerten dann och eng ganz Partie Zuelen a Statistike presentéiert ginn, virop vum Statec. Dat ass dann eng éischt Dräierronn, déi déi richteg Tripartite preparéiert, déi den 2. Juni ufänkt. Do hätt ee sech bei der CGFP iwwregens gewënscht, datt d'Paus tëscht deenen zwee Datumer net sou laang wier.
De Premierminister gouf e Mëttwoch ënnert anerem dann och op déi éischter schlecht Resultater vun der CSV bei der Sonndesfro ugeschwat.
Hei den offizielle Programm vum Premierminister Luc Frieden e Mëttwoch:
• 09 h 00: Réunion bilatérale avec les organisations syndicales OGBL et LCGB
• 10 h 30: Réunion bilatérale avec le patronat
• 15 h 00: Réunion bilatérale avec la CGFP
• Vers 16 h 00/16 h 30 à l’issue des réunions: point de presse / doorstep
En présence de la presse