Schüler evakuéiertAm Atert-Lycée zu Réiden gëtt et aktuell e Feieralarm

RTL Lëtzebuerg
D'Schüler goufen opgeruff d'Gebai ze verloossen, d'Pompjeeë sinn op der Plaz.
© RTL Mobile Reporter

Kuerz virun 13:30 Auer krute mer eragemellt, dass et aktuell e Feieralarm am Atert-Lycée zu Réiden gëtt. Op Nofro am Lycée krute mer dëst bestätegt. Et konnt een eis awer nach keng weider Detailer nennen.
D'Schüler goufe gebieden d'Gebai ze verloossen an d'Pompjeeë sinn op d'Plaz geruff ginn.

Vun der Plaz war et d'Informatioun, dass et kuerz drop zu engem zweete Feieralarm komm ass.

Weider Informatioune geschwënn.

Back to Top
CIM LOGO