
En Donneschdeg um 11 Auer huet den neien Trainerduo vun der Damme-Futtballnationalekipp, d’Cristina Correia an den Daniel Zirbes de Kader vun de Roude Léiwinne fir d’WM-Qualifikatiounsmatcher géint Israel am Grupp B4 vun der Nations League presentéiert.
Bei der beschter Sportsekipp vum Joer 2025, déi jo de Sprong an der Nations League an d’Liga B gepackt hat, ginn et vill a wichteg Absencen. Beim leschte Rendez-vous hate schonn ënner anerem d’Amy Thompson, d’Leila Schmit an d’Joana Lourenco gefeelt. D’Leila Schmit an d’Joana Lourenco sinn nees am Kader.
Elo feelen awer nach ganz wichteg Elementer wéi d’Kapitänin Laura Miller wéinst engem Muskelfaserrëss. D’Caroline Jorge ass net dobäi wéinst engem Kräizbandrëss an d’Edina Kocan ass berufflech verhënnert. D’Andreia Machado an d’Rita Leita sinn ugeschloen. D’Olivia Konsbrück kann net spille wéinst schoulesche Grënn. Allgemeng si 6 Spillerinnen nei nominéiert.
Wärend de Matcher coached den Daniel Zirbes. Et gouf allerdéngs e puer Mol ënnerstrach, datt béid Trainer e Binom wieren an déi zwee op dem selwechten hierarcheschen Niveau wieren. D’Cristina Correia war Assistentin vum Dan Santos an hat och d’U17-Meedercher trainéiert. Den Daniel Zirbes ass aktiv an der Jugendaarbecht zu Monnerech an der Futtballschoul. Dat awer éischter bei de Jongen.
D’Rendez-vousen, déi ustinn, sinn de 14. an 18. Abrëll dëst am Kader vun der WM-Qualifikatioun. Déi zwee Matcher ginn an Ungarn no bei Budapest op neutralem Terrain gespillt, well de Géigner déi israeelesch Selektioun ass. An den zwee éischte Matcher vun dëser Campagne goufen et fir d’FLF-Dammen zwou däitlech Defaitë géint Schottland.
Ganz kuerz no der 0:7 Defaite a Schottland koum den 12. Mäerz e Mail vun der FLF mat der Nouvelle, datt dem Nationaltrainer Dan Santos säi Kontrakt mat Effet immediat opgeléist géif gi vum Conseil d’Administration vun der FLF wéinst “Faits graves portés à sa connaissance”. Op der Pressekonferenz vum Dan Santos sengen zwee Nofollger wollt d’FLF net op d’Affär ronderëm dem Ex-Nationaltrainer zréckkommen
Déi Matcher, déi ustinn, si ganz wichteg, well et geet net nëmmen ëm d’WM-Qualifikatioun, mee géint Israel geet et ganz konkret drëms, den Ofstig aus der Liga B vun der Nations League z’evitéieren.
D’Futtballweltmeeschterschaft vun de Frae wäert vum 24. Juni bis de 25. Juli 2027 a Brasilien gespillt ginn.