Schi AlpinPinturault wënnt Slalom zu Val-d'Isère viru Myhrer a Gross

RTL Lëtzebuerg
De Fransous Alexis Pinturault wënnt de Slalom-Weltcup zu Val-d'Isère. Bei de Damme wënnt Petra Vlhová aus der Slowakei de Parallel-Slalom zu St.Moritz.
© AFP

Am Schi Alpin stoung bei den Hären um Sonndeg de Slalom a Frankräich zu Val-d’Isère um Programm. Nom 1. Duerchgang louch de Fransous Alexis Pinturault virum US-Amerikaner Luke Winters a dem Schwäizer Ramon Zenhäusern a Féierung. Ee vu de grousse Favoritten, deN Norweger Henrik Kristoffersen, hat nom 1. Duerchgang no engem Fuerfeeler schonns 2 Sekonnen AN 82 Honnertstel Réckstand op déi 1. Plaz.

Am 2. Duerchgang huet de Norwege mat enger faméiser Leeschtung eng sëlleg Platze konnte gutt maachen, a kËnnt um Enn op déi 4 Plaz. DeN Alexis Pinturault sollt seng 1. Plaz aus dem 1 Duerchgaang awer net méi hier ginn a gewënnt um Enn ganz däitlech mat 1 Sekonn a 44 Honnertstel virum Schwed Andre Myhrer. 3 Honnertstel hannendru plazeiert sech den Italiener Stefano Gross op der 3. Plaz.

Bei den Dammen huet sech d’Favoritin Petra Vlhová aus der Slowakei am Parallel-Slalom zu St. Moritz an der Schwäiz ganz knapp mat 2 Honnertstel virun der Schwedin Anna Swenn Larsson duerchgesat. Op déi 3. Plaz fiert Franziska Gritsch aus Éisträich. Si konnt sech an der Course ëm déi 3. Plaz géint d’Slowenin Meta Hrovat duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO