
Den Alexis Pinturault konnt sech an Andorra zu Soldeu virun der Konkurrenz behaapten. Ma virun dëser Course war scho kloer, wien de General dëst Joer am Schil Alpin wäert gewannen: de Marcel Hirscher.
Den Éisträicher konnt sech am Generalklassment mat 1528 Punkten virum Pinturault mat 1113 an och virum Norweger Henrik Kristoffersen mat 1002 Punkte behaapten.
Am Kader vun der Schi Weltcup Finall huet de Felix Neureuther ugekënnegt, datt hien no dëser Saison seng Schier un de Nol hänkt. De 34 Joer alen Däitschen ka mat 13 Victoiren am Weltcup op eng flott Carrière zeréckkucken.