D’Haaptcourse iwwer 1500 Meter Schwammen, 40 Kilometer um Vëlo an 10 Kilometer Lafen, wou och déi national Championstitelen vergi ginn, war de Sonndeg Nomëtteg - vun de grousse Favoritte war awer keen um Depart.
Bei den Häre gouf de Philippe Lamberty virum Claude Lucas beschte Lëtzebuerger an huet sech domat de Landesmeeschtertitel geséchert a bei den Damme war d’Annette Jaffke beschte Lëtzebuergerin. Den Triathlon bei den Häre konnt iwwerdeems den Dylan Magnien op en Neits wannen a bei den Damme war déi éischte Plaz fir d’Catherine Maes.
Schonn e Samschdeg war zu Wäisswampech de WämperLof: Hei gouf et eng Victoire fir de Jonas Kindé bei den Hären a fir d’Mimi Konigs bei den Dammen.