ReitsportPhilip Bäcker nominéiert fir d'WM vun de Junioren am Voltigéieren

RTL Lëtzebuerg
Mat enger excellenter 6. Plaz op dem CVI 2* bei de Junioren am Voltigéieren zu Lier an der Belsch konnt de Philip Bäcker sech fir d'WM qualifizéieren.

De Philip Bäcker huet mat enger 6.919, d’Qualifikatiounsnorm vun der FEI eng 2. Kéier bannent engem Joer kloer iwwerbidden, a konnt sech domat säin Dram, fir bei der Weltmeeschterschaft am Voltigéieren zu Ermelo an Holland ze starten, erfëllen. Op dësem Turnéier huet hien et gepackt, mat senger Kür “Mission impossible”, déi drëttbeschte Bewäertung bei de Junioren ze realiséieren. De jonke Sportler voltigéiert zanter 4 Joer intensiv beim TRV Heiligenwald am Saarland mat senger Trainerin, dem Sabine Wagner. Zanter lo réischt 3 Méint trainéiert de Philip op sengem neie Päerd Reality. Sou ee Wiessel ass net ëmmer ganz einfach, ma d’Chimie tëscht dem Philip an dem Reality war praktesch vun Ufank un do, wat och d’Bronzemedail bei de süddäitsche Meeschterschaften nom Weekend zu Lier beweist.

Mam Sabine Wagner un der Longe, dem Philip Bäcker um Päerd an dem Reality schéckt d’FLSE en top motivéiert Team vum 23. – 28. Juli op d’Junior-Weltmeeschterschaft am Voltigéieren op Ermelo an Holland.

Back to Top
CIM LOGO