Darts-WMPeter Wright klappt Jeffrey de Zwaan a spannendem Match

RTL Lëtzebuerg
Och den Darius Labanauskas, Luke Humphries, Dimitri van den Bergh, Peter Wright, Glen Durrant a Gerwyn Price hunn et an d'Véierelsfinalle gepackt.

Nodeems sech um Freideg de Nathan Aspinall mat 4:2 géint de Gary Anderson an de Michael van Gerwen mat 4:0 géint de Stephen Bunting duerchsetze konnt, stoungen um Samschdeg déi lescht Aachtelsfinallen um Programm.

Am éischte Match konnt sech de Litauer Darius Labanauskas mat 4:2 géint de Steve Beaton duerchsetzen. Dono gouf et 2 mol en Duell tëscht England an der Belsch wou sech am éischte Match de Luke Humphries mat 4:1 géint de Kim Huybrechts duerchsetze konnt. Am zweete Match konnt dann awer d’Belsch d’Iwwerhand behalen wéi den Dimitri van den Bergh mat 4:3 géint den Adrian Lewis gewanne konnt.

E spannenden a spektakuläre Match hunn de Peter Wright an de Jeffrey de Zwaan ofgeliwwert. Nodeems de Peter Wright mat 3:0 a Féierung louch, konnt den Hollänner nach eng kéier erukommen an op 3:3 stellen. De leschte Saz war dunn och nach eng kéier immens spannend mee dee konnt sech dann awer de Peter Wright mat engem knappen 5:3 secheren an d’Partie soumat mat 4:3 fir sech entscheeden.

Och tëscht dem Glenn Durrant an dem Chris Dobey kruten d’Spectateuren e spannende Match ze gesinn. Den Dobey louch mat 1:3 am Réckstand mee konnt sech awer nach eng kéier op 3:3 zeréck kämpfen mee allerdéngs hat den Dobey am leschte Saz keng Chance méi, verléiert mat 0:3 a soumat och de Match mat 3:4.

Am leschte Match vum Owend a vun den Aachtelsfinallen sinn de Gerwyn Price aus England an de Simon Whitlock aus Australien openee getraff. Béid Spiller sinn ënnert hire Méiglechkeete bliwwen an hunn e schwaache Match gespillt. Den Englänner war dann awer de Spiller deen dat bëssert Enn fir sech hat a gewënnt mat 4:2.

All d’Resultater vun den Aachtelsfinallen am Iwwerbléck:

Gary Anderson - Nathan Aspinall 2:4

Michael van Gerwen - Stephen Bunting 4:0

Steve Beaton - Darius Labanauskas 2:4


Kim Huybrechts - Luke Humphries 1:4


Dimitri Van den Bergh - Adrian Lewis 4:3

Peter Wright - Jeffrey de Zwaan 4:3

Glen Durrant - Chris Dobey 4:3

Gerwyn Price - Simon Whitlock 4:2

Folgend Véierelsfinallen ginn um Sonndeg gespillt:

Nathan Aspinall - Dimitri van den Bergh (13.40 Auer)

Luke Humphries - Peter Wright (15.00 Auer)

Michael van Gerwen - Darius Labanauskas (20.10 Auer)

Glen Durrant - Gerwyn Price (21.30 Auer)

Back to Top
CIM LOGO