
D’Patrizia Van der Weken an de Charel Grethen waren e Sonndeg beim 55. Pfingstsportfest zu Rehlingen an Däitschland um Depart.
D’Patrizia Van der Weken ass iwwert 100 Meter déi 5. ginn, dat an enger Zäit vun 11 Sekonnen a 60 Honnertstel. Si verpasst domadder de Lëtzebuerger Rekord ëm nëmmen 1 Honnertstel. An de Virleef hat sech d’Lëtzebuergerin als 3. mat engem Chrono vun 11 Sekonnen a 67 Honnertstel fir d’Finall qualifizéiert.
De Charel Grethen ass mat enger Zäit vun 3 Minutten 42 Sekonnen an 18 Honnertstel deen 9. iwwer 1500 Meter ginn.