Bei engem Liichtathletik Meeting zu Chaux-de-Fonds an der Schwäiz huet sech d'Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert.
An 11 Sekonnen a 5 Honnertstel ass d'Lëtzebuergerin zwar 3 Honnertstel iwwert hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen, ma awer 2 Honnertstel ënnert der Qualifikatiounsnorm.
D'Qualifikatiounsphas huet den 1. Juli ugefaangen.