
Ënner anerem gouf d’Sarah Sjöström als Participante annoncéiert. Déi schweedesch Schwëmmerin ass Olympiagewënnerin an hält donieft Weltrekorder. Och wäerten déi dänesch Olympiagewënnerin Pernille Blume an de franséischen Olympiagewënner Florent Manaudou um Euro Meet 2020 deelhuelen.