Euro Meet am SchwammenOch déi 22. Editioun ass nees prominent besat

Tim Hensgen
Vum 24. bis de 26. Januar steet am Schwammsport mam Euro Meet den Highlight vum Joer um Programm.
Euro Meet am Schwammen
Vum 24. bis de 26. Januar steet am Schwammsport mam Euro Meet den Highlight vum Joer um Programm.

130 Ekippen, 785 Schwëmmerinnen a Schwëmmer aus 29 Natioune sinn dobäi.

Och fir déi 22. Editioun hunn d’Organisateuren vun der FLNS Weltrekordschwëmmer, Europa- a Weltmeeschter an Olympiagewënner an d’Coque gelackelt. Sarah Sjöström, Florent Manaudou, Pernille Blume, Marco Koch a Katinka Hosszu, dat nëmmen e puer Nimm, déi ugemellt sinn.
Aus dem FLNS-Team 2020 probéiere sech virun allem de Raphaël Stacchiotti, d’Monique Olivier, de Julien Henx, de Max Mannes an de Rémi Fabiani esou deier ewéi méiglech ze verkafen. D’Julie Meynen an de Pit Brandenburger sinn net um Depart.

Interview mam Serge Hollerich
De Meet-Direkter um RTL-Mikro.

Den Euro Meet ass den Optakt an eng olympesch Saison, an där och deen een oder anere Lëtzebuerger sech säin Ticket fir Tokio nach wëll sécheren. Bis elo ass de Raphaël Stacchiotti deen eenzege Schwëmmer an der Lëtzebuerger Delegatioun.
D’Finallen gi live op LEN-TV iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO