
Hei stounge sech d’All Blacks a Wales géigeniwwer. D’Neiséilänner hu sech an der Halleffinall mat 7:19 géint England misse geschloe ginn an d’Waliser ware Südafrika mat 16:19 ënnerleeën. Domat war et den All Blacks also net méi méiglech, hire Weltmeeschtertitel ze verdeedegen, ma si wollten awer op d’mannst déi drëtt Plaz erreechen.
E Freideg ass et hinnen also gelongen, d’Bronzemedail ze gewannen. Neiséiland huet 40-17 géint Wales gewonnen.

E Samschdeg de Moien um 10 Auer eiser Zäit ass et dann nach d’Finall tëscht England a Südafrika.