ÄishockeyNéierlag fir den Tornado Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 10. Spilldag an der drëtter Divisioun a Frankräich huet den Tornado mat 1:4 géint den Tabellenzweeten Asnières verluer.
© Val Wagner

Duerch d’Streiken a Frankräich hunn d’Lëtzebuerger ronn 8 Stonne gebraucht, bis an d’Géigend vu Paräis ze kommen. Duerch den Zaitverloscht war dunn d’Waarmmaachen net méi méiglech.

Den Tornado steet op der 5. Plaz an der Tabell. E Samschdeg war dee leschte Match fir dëst Joer.

Back to Top
CIM LOGO