Bei den Dammen huet d’Monique Olivier en neien nationale Rekord opgestallt. An der A-Finall iwwer 200 Meter Crawl ass hat mat enger Zäit vun 2:01.53 déi 9. Plaz komm a konnt dobäi den eegene Rekord vum Samschdeg de Moien schloen.
E Samschdeg de Mëtten huet et de Julien Henx an der B-Finall iwwer 50 Meter Crawl en neien nationale Rekord opgestallt. Mat enger Zäit vun 22.69 Sekonnen ass hien op déi zweete Plaz komm a konnt domat säin eegene Rekord ëm 2 Honnertstel schloen.
De Max Mannes ass an der B-Finall iwwer 50 Meter Réck mat enger Zäit vu 27,25 Sekonnen op déi 6. Plaz komm. Den Alexander Bauch war mat 26,58 Sekonnen de schnellste Schwëmmer an huet et domat op déi 1. Plaz gepackt.
E Samschdeg de Moien huet d’Monique Olivier beim Euro Meet an der Coque hiren zweete Lëtzebuerger Rekord bannent 2 Deeg opgestallt, dës Kéier iwwer 200 Meter Crawl. Mat enger Zäit vun 2 Minutten, enger Sekonn a 85 Honnertstel huet si hiren eegenen nationale Rekord aus dem Joer 2019 ëm zwou Honnertstel verbessert.
D’FLNS-Schwëmmerin huet als 8. ugeschloen a steet domadder och e Samschdeg den Owend an der Finall.
E Freideg den Owend hat d’Monique Olivier d’B-Finall iwwer 200 Meter Papillon gewonnen.
Mat 2 Minutten, 15 Sekonnen an 58 Honnertstel war d’Lëtzebuergerin e Freideg bal dräi Sekonne méi séier, wéi zu Edinburgh, wou si am Mäerz 2019 2:18,7 geschwommen ass.

RTL-Artikel: Nei national Rekorder fir Monique Olivier a Julien Henx
RTL-Artikel: Den Euro Meet am Livestream