An der héchster Kategorie Senior hate sech siwe Reiderinnen a Reider fir de Kampf ëm den nationale Championstitel ageschriwwen.
Nieft de méi bekannte Reiderinnen a Reider aus dem Grand-Duché, hat sech mam Odile Gierech, enger Lëtzebuergerin, déi an der Géigend vu Bréissel wunnt, och en neit Gesiicht bei den nationale Meeschterschaften afonnt.
Als éischt Epreuve steet traditiounsgeméiss e Parcours, wou et ëm d'Zäit geet, um Programm an de Marcel Ewen ass als Beschten duerch de Parcours komm.