Euro MeetMonique Olivier mat neiem nationale Rekord iwwer 400 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
Um leschten Dag vum Euro Meet an der Coque huet d'Lëtzebuergerin säin ale Rekord ëm 9 Honnertstel ënnerbueden a kënnt op déi 4. Plaz.
Euro Meet - National Resultater
Op en Neits war et ee gudden Dag fir d’Lëtzebuerger Schwëmmer a Schwëmmerinnen.

E Sonndeg de Mëtteg stoungen d’Finallen vum Euro Meet um Programm an deenen et de Raphaël Stacchiotti an d’Monique Olivier et an d’A-Finalle gepackt haten.

Iwwer 400 Meter Crawl huet d’Monique Olivier an enger Zäit vu 4 Minutten 14 Sekonnen a 14 Honnertstel e neien nationale Rekord realiséiert an domadder den den alen ëm 9 Honnertstel ënnerbueden deen et sëlwer am Juli 2019 op der WM zu Gwangju realiséiert hat. Um Enn koum et mat dëser Zäit op déi staark 4. Plaz.

Och an der 4x100 Meter Mixed-Staffel 4Nages konnten d’Lëtzebuerger mat de Schwëmmer Remi Fabiani, Lena Peters, Raphaël Stacchiotti a Monique Olivier an enger Zäit vun 4 Minutten an 59 Honnertstel en neien nationale Rekord opstellen. Domadder sinn se 1 Sekonn a 97 Honnertstel ënnert dem ale Rekord aus dem Joer 2015 bliwwen.

An der Finall iwwer 200 Meter 4Nages kënnt de Raphaël Stacchiotti op déi 3. Plaz a verpasst mat enger Zäit vun 2:02:79 däitlech säin aktuellen nationale Rekord ëm 2 Sekonnen an 10 Honnertstel.

An der B-Finall iwwer 200 Meter Réck koum de Remi Fabiani op déi 3. Plaz an dat an enger Zäit vun 2 Minutten 4 Sekonnen a 54 Honnerstel a konnt sech domadder am Verglach zu der Course vun e Sonndeg de Moien däitlech steigeren.

Weider Impressiounen op pressphoto.rtl.lu.

Resultater vum Sonndeg de Moien

E Sonndeg de Moien huet de Raphaël Stacchiotti beim Euro Meet an der Coque iwwer 200 Meter 4 Nages no 2 Minutten, 3 Sekonnen a 46 Honnertstel ugeschloen. Mat dëser Zäit, déi knapp 3 Sekonnen iwwert sengem eegene Lëtzebuerger Rekord läit, huet hie sech als 4. fir d’Finall qualifizéiert.

Déi séiersten Zäit ass de Fransous Jeremy Desplanches geschwommen. Hien huet mat 1 Minutt, 57 Sekonnen an 59 Honnertstel een neie Meetrekord realiséiert.

Iwwer 200 Meter Réck huet de Remi Fabiani et mat engem Chrono vun 2:07,98 Minutten als 17. an d’B-Finall gepackt.

RTL-Artikel: Nei Lëtzebuerger Rekorder fir Monique Olivier a Julien Henx um 2. Dag vum Euro Meet

Och international Stare waren nees dobäi

Euro Meet - International Konkurrenz
Ënnert anerem d’Sarah Sjöström an d’Katinka Hosszu waren um Depart.

Grad wéi bei deene vergaangenen Editioune waren och dëse Weekend nees eng etlech Weltklass-Schwëmmer a Schwëmmerinnen an d’Coque op de Kierchbierg komm. Ënnert hinnen d’Sarah Sjöström. D’100 Meter Papillon ass hier Parade-Disziplin. Am 100 Crawl ass d’Schwedin awer net manner gutt. Déi 26 Joer jonk Schwëmmerin huet de Sonndeg de Mëtteg hiren eegene Meetingrekord nach emol verbessert. Hir Course ass optimal verlaf a verständlecherweis war si duerno ganz zefridden. Vum Katinka Hosszu gouf sech e Sonndeg och en neie Meetingrekord iwwer 200 Meter 4 Nages erwaart. Den 3. Mee 1989 gouf d’Katinka Hosszu an Ungarn gebuer. Déi villfach Olympiagewënnerin, Welt-an Europameeschterin sollt op en neits bei dëser Course hir Géignerinne wäit distanzéieren. Bei hallwer Distanz huet et nach gutt fir d’Ungarin ausgesinn. Allerdéngs sollt si um Enn e bëssen ofbauen. De Chrono blouf bei 2 Minutten, 11 Sekonnen an 31 Honnertstel stoen, 85 Honnertstel iwwer dem Meetingrekord a méi wéi 5 Sekonnen iwwer hirem eegene Weltrekord, dee si 2015 opgestallt huet. Trotzdeem war d’Iron Lady net enttäuscht.

Sportsministère a Federatioun hu Konventioun ënnerschriwwen

© Serge Olmo

Am Kader vun dësem Euro-Meet hunn de Sonndeg de Mëtteg de Sportminister Dan Kersch an den Marco Stacchiotti, President vun der Schwammfederatioun zwou Konventiounen ënnerschriwwen, woubäi an där enger de Sportsministère sech un de Personalkäschte vun der Federatioun bedeelegt. An där anerer geet et ëm e Partenariat am Kader vun der Promotioun fir Lëtzebuerg am Sport.

Offiziellt Schreiwes

Communiqué de presse:

Signature par le ministre des Sports, Dan Kersch, de deux conventions avec la Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage (FLNS) (26.01.2020)

Communiqué par : ministère des Sports

En marge de l’EUROMEET 2020 à la Coque, le ministre des Sports Dan Kersch a signé deux conventions avec la Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage (FLNS) en ce dimanche 26 janvier 2020.

Les deux conventions portent :

- sur la participation de l’État (ministère des Sports) aux frais salariaux du personnel administratif et du personnel technique de la FLNS ;

- sur le partenariat dans le cadre de la promotion du Luxembourg dans le domaine du sport - « Luxembourg - Let’s make it happen ».

Dans ce contexte, le ministre Dan Kersch a félicité les responsables de la FLNS pour la qualité du traditionnel grand rendez-vous de la natation internationale en début d’année à Luxembourg, le meeting de la FLNS ayant réuni une nouvelle fois un très grand nombre de nageurs de classe mondiale dont plusieurs champions olympiques tels que Florent Manaudou, Katinka Hosszu ou Sarah Sjöström qui ont enflammé la piscine olympique et poussé les nageurs indigènes à se surpasser devant leur public.

Back to Top
CIM LOGO