Schi-AlpinMikaela Shiffrin wënnt mat grousser Avance

RTL Lëtzebuerg
Ganz souverän a mat grousser Avance wënnt d'Amerikanerin Mikaela Shiffrin de Rieseslalom zu Lienz an Éisträich virum Marta Bassino aus Italien.
© afp

Mat ganz grousser Avance konnt d’Mikaela Shiffrin de Rieseslalom zu Lienz gewannen. Zweet gouf d’Italienerin Marta Bassino mat engem Retard vun 1,36 Sekonnen, hat domadder keng Chance fir dës Course kënnen ze gewannen an d’Amerikanerin kann hir Dominanz domadder weiderhin androcksvoll ënner Beweis stellen. Drëtten a mat engem Retard vun 1,82 Sekonnen gouf d’Éisträicherin Katharina Liensberger.

Dëst ass déi 63. Victoire fir déi 24 Joer jonk Amerikanerin an huet domadder elo schonn déi 2. meescht Victoiren hannert dem Lindsey Vonn (82 Victoiren) agefuer.

Back to Top
CIM LOGO