De President vum Cosl, André Hoffmann, huet sech erfreet gewisen, dass d’Fuerderunge vum Cosl, de vollen Nidderschlag am Regierungsprogramm fonnt huet. Dobäi ass een och nach eng Kéier méi laang op de sougenannte LIHPS (Luxembourg Institute for High Performance in Sports) agaangen.
Den Ament géifen eng 20 Athlete vun deem Service profitéieren. Et dierft ee sech vum LIHPS awer keng kuerzfristeg Wonner erwaarden, mee et misst een d’Evolutioun Mëttel- a Laangfristeg kucken.
Fir den Dan Kersch war et déi éischte Generalversammlung vum Cosl als Sportminister, deen a senger Ried gesot huet, dass an den nächste Jore méi Suen zu Lëtzebuerg an de Sport wäerte fléissen.
Eng grouss Annonce huet den Dan Kersch och zum sougenannte High Performance Center an der Coque gemaach. An Zukunft gëtt dee vum LIHPS geréiert a soll just fir d’Lëtzebuerger Spëtzesportler accessibel sinn. Dofir gëtt de Budget vun der Coque an dee vum LIHPS kuerzfristeg erop gesat.
Den Dan Kersch huet de Federatiounen och gesot, dass si an Zukunft manner un d’Coque musse bezuele, fir Manifestatiounen do ze organiséieren. Dofir géif een neie Berechnungsmodus kommen.
Den Ament kënne Spëtzesportler wärend 7 Joer vun der Sport-Sektioun vun der Arméi profitéieren. Den Dan Kersch sot, dass ee sech an Zukunft soll Gedanke maachen, dass Sportler vun enger ziviller Struktur kënne profitéieren an do finanziell a sozial ofgeséchert sinn, fir hirer Sportaart an de beschte Konditioune kënnen no ze goen.