An der Häre-Course war d’Victoire e Sonndeg de Mëtteg fir de Mohammed Hussein aus dem Sudan, dat iwwer eng Minutt virum Nicolas Navet aus der Belsch. De beschte Lëtzebuerger gouf de Max Lallemang (Fola) als 3. op 1 Minutt an 10 Sekonnen. De Christophe Kass (Fola) gouf 4. an de Champion Yannick Lieners (CAB) koum mat engem Retard vu bal 2 Minutten als 5. un.
Bei den Damme goung kee Wee laanscht d’Ethiopierin Tekuam Bisetegn. Si konnt sech virun der 1. Lëtzebuergerin Anny Wolter (Fola) duerchsetzen.