
E Samschdeg ass am Kader vun der 80. Editioun vum Hahnenkamm-Weekend bei den Hären zu Kitzbühel déi legendär ''Streif’’ gefuer ginn. Mat enger Zäit vun 1:55.59 ass et dem Matthias Mayer aus Éisträich gelongen, de Klassiker zu Kitzbühel fir sech ze entscheeden an domat déi éischt Victoire zanter 6 Joer fir en Éisträicher ze sécheren.
Op déi zweet Plaz hunn et direkt zwee Coureure gepackt. De Beat Feuz aus der Schwäiz an de Vincent Kriechmayr aus Éisträich haten allebéid e Retard vun 0.22 Sekonnen op de Leader an hu sech domat d’Plaz um Podium gedeelt.
E Sonndeg gëtt um leschten Dag vum Hahnenkamm-Weekend de Slalom um Ganslernhang gefuer. Den Depart ass um 10:30 Auer.