VIDEO: Trail UewersauerMatthias Geistor neie Lëtzebuerger Champion

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg stoung d'Lëtzebuerger Championnat beim Uewersauer-Trail um Programm an do gëtt d'Tatiana Quesada nei Lëtzebuerger Championne bei den Dammen.
Matthias Geistor neie lëtzebuerger Champion
Um Sonndeg stoung de lëtzebuerger Championnat beim Uewersauer-Trail um Programm an do gëtt d’Tatiana Quesada nei Lëtzebuerger Championne bei den Dammen.

Iwwer 52 km konnt sech de Matthias Geistor bei den Hären als neie Lëtzebuerger Champion kréinen. Op déi 2. Plaz koum de Sven Remakel virum Pitt Schneider. D’Course gouf awer dominéiert a gewonnen vum däitschen Frank Merrbach.

Bei den Damme konnt sech d’Tatiana Quesada den nationale Championstitel virum Veronique Hansen sécheren.

PDF: Resultater Uewersauer-Trail

Back to Top
CIM LOGO