Et huet een haarde Parcours op si gewaart, mat 390 Héichtemeter an engem héchste Punkt vun iwwer 400 Meter. De Numm Haard Trail huet awer eng aner Bedeitung. Et handelt sech ëm dat gréissten Naturreservat aus dem Ländchen, dat sech iwwert dräi Gemenge streckt, an aus deem fréier Äerz extradéiert gouf. Et ass eng Plaz wou d’Frënn vun den Orchideeë sech gären ophalen. Den Organisateur huet also ganz op d’Natur gesat mat sengem Trail.
An der Hallschent vun der Course huet et no engem Diddelenger Doublé ausgesinn. De Paulos Ramos louch bei den Hären un der Spëtzt an d’Liz Weiler bei den Dammen. De Vainqueur vum leschte Joer Matthias Geistor hat awer och dëst Joer d’Nues vir, de Paulos Ramos huet sech misste mat der 2. Plaz zefridde ginn, dat virum Toni Veiga. D’Liz Weiler huet d’Faarwe vum Diddeleng héich gehalen, dat virum Sani Lenoir an dem Véronique Hansen.