
De Lëtzebuerger huet sech mat sengem Päerd Chimaira virun der Dänin Maria Hjorth Frederiksen um Duble an dem Pol Grzegorz Kubiak um Szuler duerchgesat an huet sech domadder fir d’EM 2019 zu Rotterdam qualifizéiert.
Zënter 5 Wochen ass de Marcel Ewen elo a Litauen an a Polen (Balticatour) ënnerwee a konnt mat ville gudde Plazéierungen a Victoiren iwwerzeegen. Den nächste Weekend ass de Lëtzebuerger op perséinlech Invitatioun vum Organisateur beim FEI CSIO5* zu Sopot a Polen dobäi, wou d’Weltelite mat um Depart ass.
D’Charlotte Bettendorf ass beim CSI4* zu Wiesbaden 5. ginn.