Kéint Mëtt September nees opmaachenMaintenanceaarbechten an der Coque: Alles leeft no Plang

Tom Hoffmann
Zanter dem 16. Juli ass d'Coque zou. Verschidde Renovatiouns- a Maintenanceaarbechte lafen aktuell am ganze Gebai. Bis elo leeft alles no Plang, seet den Direkter vun der Coque Christian Jung.
Maintenanceaarbechten an der Coque: Alles leeft no Plang
Zanter dem 16. Juli ass d'Coque zou. Verschidde Renovatiouns- a Maintenanceaarbechte lafen aktuell am ganze Gebai.

Wann et esou weidergeet, soll den Zentrum de 14. September nees komplett opmaachen.

De Centre de Détente an de Centre Aquatique sinn aktuell also net accessibel. Fir de Leit awer bis dohinner eng Alternativ unzebidden, huet d'Coque sech eppes afale gelooss, wéi den Direkter vun der Coque Christian Jung erkläert.

“Déi Mannst wëssen, dass mir am Keller e 50 Meter Baseng hunn, dee just accessibel fir d'Federatiounen ass. Si trainéieren do. Mir hunn eis elo geduecht, soulaang déi Zäit, wou hei elo zou ass, wou d'Leit net kënne schwammen, setze mir eppes en place, wou se am Keller zu verschiddenen Horairen trotzdeem schwamme kënnen, wa Plagë fräi sinn. An dat wäert ab dem 1.September ulafen, well och do maache mer am Moment Renovatiounsaarbechten a Moderniséierungsaarbechten.

Eng Bunn kann een iwwert den Internetsite vun der Coque reservéieren an de Slot och direkt bezuelen. De Service ass net am normalen Abonnement abegraff.

“D'Leit verléieren näischt, eis Clientë verléieren näischt, mir hunn d'Abonnementer wärend der Fermeture agefruer, dat heescht, déi lafen eréischt erëm, wann d'Coque erëm opgeet, wann d'Schwämm a wann d'Sauna erëm opmaachen, da leeft den Abo weider. Dat heescht, d'Leit verléieren do absolutt näischt.”

Eemol d'Joer ginn déi fir Botzaarbechten eidel gemaach. Am ganze Gebai lafen dëse Summer gréisser Maintenance- a Moderniséierungsaarbechten. A wien no der Reouverture direkt vum Sprangtuerm profitéiere wëll, muss sech nach e bësse gedëllegen.

“Beim Sprangtuerm si gréisster Aarbechten amgaang. An do gëtt am Moment um Bëtong geschafft. Dat sinn Aarbechten, déi insgesamt dräi Méint daueren. An dofir wäert de Sprangtuerm nach bis Mëtt Oktober zou sinn, bis déi Aarbechten alleguerten ofgeschloss sinn.”

No ronn 20 Joer kritt de Gymnase eng nei Sonorisatioun, déi mat där an der Arena vergläichbar ass. Vill vun den Aarbechte geschéien hannert de Kulissen.

“Et sinn eng ganz Partie Saachen, déi sinn natierlech visibel, awer och eng ganz Partie Saachen, déi sinn net visibel. Wa mir un der Reegelungstechnik schaffen zum Beispill, am Keller vun de Basengen, un de Filteranlage vun de Basengen, dat gesäit keen. An dat ass awer ganz vill Aarbecht. Dat gëtt elo iwwert de Summer gemaach. An dofir soen ech, et kann ee just en Deel gesinn an alles, wat ënnen drënner ass, gesäit een net, mee dat si Saachen, déi och ganz wichteg sinn.”

Am Gymnase mussen nach ronn 1.100 Quadratmeter Parquet geluecht ginn. Den Zäitplang ass deemno enk. Nëmme 4 Deeg no der geplangter Reouverture spillt Lëtzebuerg am Tennis Davis Cup an der Coque géint Ungarn.

Déi Responsabel sinn awer zouversiichtlech, dass den Zäitplang agehale ka ginn an d'Coque de 14. September nees fir de Publikum opgemaach gëtt.

Back to Top
CIM LOGO