
D’Lëtzebuerger Championne mam Deegen konnt hir 6 Matcher an der Grupp alleguerte gewannen. Domat konnt d’Fautsch sech direkt fir de 64er-Tableau qualifizéieren. An der Grupp gouf et ënnert anerem eng 5:3-Victoire géint d’Sara Besbes aus Tunesien, d’Nummer 18 op der Welt.
E Mëttwoch geet et am 64er-Tableau da géint d’Russin Violetta Khrapina, d’Nummer 73 op der Welt.