FuttballLëtzebuerger Nationalekipp spillt de 6. Juni e Frëndschaftsmatch géint Albanien

RTL Lëtzebuerg
Albanien heescht den zweete Géigner vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp de 6. Juni. Dat huet d'FLF e Mëttwoch de Moie matgedeelt.
© Alexandre Benavente Martingil

D’Rout Léiwen spillen jo hiren éischten Frëndschaftsmatch den 3. Juni am Stade de Luxembourg géint Italien. Nëmmen dräi Deeg méi spéit ass d’Ekipp vum Jeff Strasser dann zu Tirana an Albanien am Asaz. Ugepaff gëtt d’Partie um 20 Auer an der Kombetarë-Arena.

Back to Top
CIM LOGO