Äishockey-WM (Divisioun 3B)Lëtzebuerger Häre mat 2 Victoiren an enger Néierlag

Joel Detaille
En Donneschdeg gouf et eng 4:2-Victoire géint d'Philippinnen.
© IIHF / Paul Yuen

Am Äishockey ass den Ament d’Weltmeeschterschaft vun der Divisioun 3B zu Hongkong amgaangen. D’Lëtzebuerger Hären haten den Optaktmatch géint d’Lokalekipp verluer, dunn awer 7-5 géint d’Mongolei gewonnen an en Donneschdeg 4-2 géint d’Philippinnen.

Am 4. Gruppematch geet et um Freideg géint den Usbekistan, an e Samschdeg dann nach géint Nordkorea.

Back to Top
CIM LOGO