WM am ËnnerwaasserrugbyLëtzebuerg verléiert och Match géint d'USA

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg gëtt am Ënnerwaasserrugby d'Weltmeeschterschaft zu Graz an Éisträich ausgedroen.
© UWR Lëtzebuerg

Hei trëfft Lëtzebuerg op Éisträich, d’USA, Schweden an Ungarn. Den Titelverdeedeger ass Norwegen an am ganze sinn op dëser WM 475 Athleten (Männer a Fraen) mat dobäi.

Déi ganz WM dauert bis den 3. August a Lëtzebuerg huet um Samschdeg den Owend um 18 Auer säin éischte Match géint Éisträich gespillt an do hu si sech mat 0:22 misse geschloe ginn.

E Sonndeg um 16 Auer hu si hiren zweete Match gespillt an och do gouf et eng Néierlag. Lëtzebuerg verléiert do mat 1:16 géint d’USA.

Back to Top
CIM LOGO