Festival Olympique de la Jeunesse EuropéenneLena Peters mat neiem Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter Papillon

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet mat enger Zäit vun 1 Minutt 2 Sekonnen an 2 Honnertstel den 10 Joer ale Rekord vum Christine Maillet ëm 20 Honnertstel verbessert.
© FLNS

Eng staark Leeschtung huet d’Schwëmmerin Lena Peters beim Festival Olympique de la Jeunesse Européenne zu Baku am Aserbaidschan gewisen. Déi 14 Joer jonk Lëtzebuergerin ass e Mëttwoch iwwer 100 Meter Papillon eng Zäit vun 1 Minutt 2 Sekonnen an 2 Honnertstel geschwommen. Domadder ass si 20 Honnertstel ënnert dem Lëtzebuerger Rekord vum Christine Maillet aus dem Joer 2009 bliwwen.

An der Finall ass d’Lena Peters mat deem Chrono op déi 11. Plaz komm.

Back to Top
CIM LOGO