U20-Liichtathletik-EMLena Kieffer an der Finall op Rang 11

RTL Lëtzebuerg
An der Finall vun der U20-Europameeschterschaft zu Borsa a Schweden ass déi jonk Lëtzebuergerin iwwert d'1500-Meter-Distanz un den Depart gaangen.
© pressphoto (archiv)

Mat engem Chrono vu 4 Minutten 31 Sekonnen an 63 Honnertstel ass et fir d’Lëtzebuergerin fir déi 11. Plaz ënner 12 Konkurrentinnen duergaangen. Domat war si kapp 8 Sekonne ënnert hirer perséinlecher Beschtleeschtung.

D’Finall gewonnen huet d’Delia Sclabas aus der Schwäiz.

Back to Top
CIM LOGO