D'Vëloscourse live dëse Sonndeg um 1. RTL, RTL.lu an um RTL PlayLéck-Baaschtnech-Léck

RTL Lëtzebuerg
Léck-Baaschtnech-Léck live dëse Sonndeg um 1. RTL. Mir iwwerdroen de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg op RTL.lu an op der App.

Am Vëlossport ass e Sonndeg "Léck-Baaschtnech-Léck". Dräi Lëtzebuerger si mat dobäi, de Bob Jungels (Ineos Grenadiers), Mats Wenzel (Equipo Kern Pharma) an de Kevin Geniets (Groupama-FDJ United).

An der Vergaangenheet war d'"La Doyenne" dacks eng gutt Course fir d'Lëtzebuerger. Mam Bob Jungels, Andy Schleck a Marcel Ernzer gouf et dräi Victoiren.

Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Sender: 1. RTL
Ufank vun der Emissioun : 15:00
Viraussiichtlech Ënn vun der Emissioun: 17:00

Back to Top
CIM LOGO