SchisprangenKubacki gewënnt zu Titisee-Neustadt

RTL Lëtzebuerg
De Véierschanzentournée Gewënner aus Polen kann d'Sprangen virum Stefan Kraft an dem Ryoyu Kobayashi gewannen.
© AFP

Beim Weltcup zu Titisee-Neustadt an Däitschland stoung um Samschdeg d’Eenzel-Sprangen um Programm. De Pol Dawid Kubacki ka mat Spreng op 140,5 a 141 Meter eng souverän Victoire feieren. Mat 7 Punkte Retard kennt den Éisträicher Stefan Kraft op déi 2. Plaz. Als 3. klasséiert sech de Japaner Ryoyu Kobayashi.

De Weltcup Éischte Karl Geiger aus Däitschland sprengt bei sengem Heem-Weltcup op eng enttäuschend 12. Plaz, wat dës Saison seng schlechtste Placéierung ass.

Back to Top
CIM LOGO