Schi AlpinKristoffersen setzt sech am Riseslalom duerch

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme ka sech d'Mikaela Schiffrin duerchsetzen.

Um Samschdeg stoung bei den Hären ee Riseslalom zu Kranjska Gora um Programm, wärend d’Dammen zu Spindleruv Mlyn am Slalom gefrot waren.

De Norweger Henrik Kristoffersen wënnt um Enn mat enger Avance vu 24 Honnertstel op de Rasmus Windingstad. De Schwäizer Marco Odermatt gouf den Drëtten, dëst mat engem Retard vu 56 Honnertstel.
Am General bleift de Marcel Hirscher de Leader virum Alexis Pinturault aus Frankräich.

Bei den Damme ka sech d’Mikaela Schiffrin aus den USA duerchsetzen, dëst relativ däitlech mat enger Avance vu 85 Honnertstel virum Wendy Holdener aus der Schwäiz. Op déi drëtte Plaz koum d’Petre Vlhova aus der Slowakei, dëst mat engem Retard vun 2 Sekonnen an 3 Honnertstel.
Am General baut d’Schiffrin seng Avance soumat och aus. Mat 1954 Punkte läit d’Amerikanerin däitlech virum Petra Vlhova, dat elo 1235 Punkte sammele konnt.

Back to Top
CIM LOGO