Schi-AlpinKristoffersen gewënnt de Riseslalom zu Alta Badia

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger Henkrik Kristoffersen gewënnt am Schi-Alpin de Riseslalom zu Alta Badia virum Fransous Cyprien Sarrazin an dem Slowen Žan Kranjec.
© AFP

Nom 1. Duerchgang louch de Norweger Leif Kristian Nestvold Haugen mat 7 Honnertstel virum Schwäizer Marco Odermatt. Op der 3. Plaz stoung de Fransous Alexis Pinturault.

Am 2. Duerchgang huet de Gewënner Henrik Kristoffersen virun allem vum Feeler vu sengem Landsmann Leif Kristian Nestvold Haugen profitéiert. Well och de Marco Odermatt an den Alexis Pinturault keng feelerfräi Leeschtunge gewisen hunn, huet de Gewënner Henrik Kristoffersen geheescht, dëst mat engem Virsprong vun 31 Honnertstel op den Iwwerraschung-Zweeten Cyprien Sarrazin. Op déi 3. Plaz fiert de Slowen Žan Kranjec.

E Samschdeg si souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären Descente wéinst de schlechten Wiederkonditiounen ofgesot ginn. D’Dammen Descente sollt um Sonndeg nogeholl ginn, ma och do huet d’Wieder den Organisateuren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Back to Top
CIM LOGO