
Nom 1. Joer mam Stéphanie Empain un der Spëtzt vun der FLA, war déi ganz harmonesch Assemblée no annerhallwer Stonn eriwwer.
D’lescht Joer goufen et nach grouss Diskussiounen, well de Club Snooze net vun deenen anere Veräiner opgeholl gouf.

An der Statutenännerung ass elo virgesinn, datt de Comité Directeur decidéiert, ob en neie Veräin opgeholl gëtt oder net.
En neie Club kann deemno net méi refuséiert ginn, wann hien d’Krittären erfëllt, déi och zesumme mam Conseil fédéral, e Gremium wou all d’Clibb sech mat der Verbandsspëtzt ausserhalb vun der Assemblée kënne gesinn, festgeluecht goufen.
D’Rapporten an d’Statutenännerunge goufen all unanime ugeholl.
Fir d’FLA-Presidentin ass de Benevolat e ganz wichtegen Beräich, deen an Zukunft muss gestäerkt ginn.
Bei der Liichtathletik gëtt et eng Rekordzuel bei deene Jonken.
D’Digitaliséierung ass och eng Erausfuerderung fir d’FLA.
De Gesamt-Budget louch an deem leschte Geschäftsjoer bei ronn 882.000 Euro, a konnt mat engem Benefice vu 44.000 Euro ofgeschloss ginn. Ganz houfreg ass ee bei der Liichtathletikfederatioun, datt zanter en Donneschdeg nees mam Bommstousser Bob Bertemes, de Lëtzebuerger Sportler vum Joer aus hire Reie kënnt.
E grousse Verloscht fir d’Liichtathletikfamill waren an de leschte Méint den Doud vum Generalsekretär Mathis Mellina a vum Comitésmember Paul Wester.
De Laurent Deville, Vertrieder vum Sportsministère, huet matgedeelt, datt d’Baggeren um INS fir den neien nationale Liichtathletikzenter rullen, an d’Lafpist do, den nächsten Hierscht fäerdeg soll sinn. Am Abrëll gëtt och d’Lafpist an der Coque erneiert.